Publié le
Informationsblatt der Lokalsektion
Déi gréng Réimech hu bei de Kommunalwahlen 33,58 Prozent vun de Réimecher Wielerstëmmen gewanne kënnen. Déi gréng kommen domat zu Réimech op 4 Sëtz am neien, méi grousse Gemengerot. Mam Wiessel vum Majorz- op d'Proporzsystem woeren jo elo zu Réimech 11 Sëtz ze besetzen. Mat iwwer 33% vun de Stëmmen kommen déi gréng Réimech iwwregens op dat héchsten Resultat vun enger grénger Lëscht an enger Proporz-Gemeng bei dëse Wahlen.
Déi gréng Réimech soën all hiere Wielerinnen a Wieler Merci fir dat hinnen geschenkte Vertrauen.

