2 bekannten an 2 nei Gesiichter am Gemengerot

Publié le

Bei de Gemengewahlen 2011 sinn déi 2 aktuell gréng Vertrieder vun de Wieler bestätegt ginn. Den Henri Kox, aktuelle Buergermeeschter, kritt dann och mat 974 Stëmmen mat kloerem Abstand déi meeschten Stëmmen vun all de Gewielten. "Dëst as eng Bestätegung fir eis konstruktiv Aarbecht fir d'Réimecher Bierger an de vergaangene Joeren. Et as awer och een Zeechen, dass eise Wahlprogramm an déi richteg Richtung gewisen huet. Mir sinn als Equipe ugetrueden, an ech freeë mech dofir och iwwert dat ganz gutt Ofschneide vun eisen anere Kandidaten", sou den Henri Kox.

Och schons am Gemengerot 2006-2011 war d'Marianne Beissel. Hat kënnt bei de Gemengewahlen 2011 op 637 Stëmmen, an domat op déi zweet Plaatz vun deene Gréngen, respektiv op déi drëtt Plaatz vun all de Kandidaten.

Déi zwee nei gréng Vertrieder am neie Réimecher Gemengerot sin de Jean-Paul Wiltz (439 Stëmmen) an d'Martine Geimer (ép. Kemmer). Alle béid woren awer schons a Kommissiounen aktiv, sou dass och si politësch Erfahrung mat an de Gemengerot erabréngen.